Zäitgläich huet sech den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo mat Vertrieder vun Amazon getraff. Amazon plangt nämlech e weltwäiten Ofbau vu 14.000 Aarbechtsplazen, och zu Lëtzebuerg.
D’Demonstranten an der Stad hunn ënnert anerem Defiziter am fiskalen, politeschen an ekologesche Beräich bei Amazon kritiséiert.
Ronn 30 Leit haten sech an der Groussgaass zesummefonnt. Ee Kritikpunkt: Amazon hätt e System opgebaut, vun dem si an aner Multinationale géife profitéieren, esou de Jean-Sébastien Zippert vum Kollektiv Tax Justice Lëtzebuerg. Amazon géif manner Steiere bezuele wéi aner Betriber an hätt doduerch en onfaire Virdeel.
"Ce que nous demandons c'est donc un système qui s'appelle le country by country reporting, où chaque entreprise présente sur plusieurs entités géographiques déclare effectivement quel est le bénéfice qui est dans le pays et qu'elle soit taxée au même niveau qu'un artisan, boulanger ou boucher, n 'importe quelle PME quoi."
Den André Marques vun déi Lénk kritiséiert déi steierlecher Virdeeler och a gesäit d'Regierung an der Flicht eppes dogéint ze ënnerhuelen.
"D'Regierung, déi de System mat opgebaut huet, soll och dofir suergen, datt de System ofgebaut gëtt an datt Amazon gerecht bäisteiere kann. Dat ass d'Aufgab vun der Regierung. Dat ass net d'Aufgab vum Consommateur, dat ass och net d'Aufgab vun de klenge Betriber. Wann de Jean -Claude Juncker scho viru Jore gesot huet, wann Amazon e Problem ass, da kënne se bei eis kommen, da muss de Luc Frieden elo soen, wann d'Consommateuren, wann d'Betriber e Problem mat Amazon hunn, da sollen se och bei hie kommen."
Momentan géif et awer éischter dono ausgesinn, wéi wann de Luc Frieden Amazon ënnerstetzt an den aktuelle System och weiderféiert, esou nach den André Marques.
Och aner Aspekter stéieren d'Demonstranten un Amazon
Net nëmme géif Amazon probéieren d’Steieren ze ëmgoen, mee d’US-Entreprise wier och Kompliz mat Israel, esou eng weider Kritik. De Marc Burggraf vum Collective for Palestine erkläert, wou hien de Problem gesäit.
"Amazon ass mat Google zesummen um Project Nimbus bedeelegt, deen 2021 gestart gouf, deemools zu engem Vertrag vun 1,2 Milliarden Dollar an dee Projet dat ass fir Israel e Cloud Service zur Verfügung ze stellen an och Kënschtlech Intelligenz-Servicer. An dës sinn och am militäresche Beräich agesat ginn."
Déi brittesch Zeitung The Guardian hat dës Informatioune verëffentlecht.
Um Protest an der Stad gouf Amazon och virgeheit Greenwashing ze bedreiwen. Si géife sech als méi ekologesch duerstelle wéi si eigentlech wieren, esou de Léonard Andersen vun der Biergerbewegung CELL.
"Amazon du coup se vente de faire transporter 135 millions de ses colis aux Etats-Unis et en Europe en 2023 grâce à des véhicules électriques, donc c'est un chiffre qui a l'air comme ça tout à fait impressionnant, mais rapporté à l’ensemble des colis qui sont de 6 milliards sur ces zones géographiques, on comprend que c'est une goutte d'eau."
Virun e puer Deeg hat Amazon géintiwwer der Gratis-Zeitung L’essentiel Stellung zu de Virwërf geholl. Eng Spriecherin huet erkläert, datt Falschinformatiounen a Ligen iwwert Amazon géife verbreet ginn. Si huet och betount, datt Amazon bis ewell iwwer 1,5 Milliounen Aarbechtsplaze weltwäit geschaf hätt.