Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
search

/ Ravel: Très franc

Klassik Album vun der Woch

Ravel: Très franc

Den neien Album vum tierkesche Pianist Emre Yavuz setzt d'Musek vum Maurice Ravel an de Vierdergrond.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Ravel am Mëttelpunkt

Den zweete Soloalbum vum tierkesche Pianist Emre Yavuz dréit den Titel Maurice Ravel: Très franc. De Choix, dem Ravel seng Musek an de Vierdergrond ze setzen ass keen Zoufall. Op sengem éischten Album huet de Yavuz Musek vum Rachmaninoff gespillt, an sech dobäi intensiv mam Komponist beschäftegt. Kuerz virun der Opnam vum Album, hat hien awer eng Verletzung un der Hand. Wéi schlëmm d'Verletzung war a wéi laang se wäert brauche fir ze heelen, war net gewosst. Am Booklet vum Album moolt den Emre Yavuz e poetescht Bild vu sengem deemolege Gefillszoustand.

Existenziell Kris un der Ägäis

Den Emre Yavuz sëtzt beim Sonnenënnergang ënnert engem Leuchttuerm, un der westlecher Spëtzt vun Anatolien, mat engem Bléck op d’Ägäis. An dobäi huet hien eng kleng existenziell Krise. “Wat kënnt als nächst?”. Wat kënnt eigentlech no der Opnam vun engem éischten Album? E festen Termin fir eng Studioopnam markéiert och den Ufank vum Schluss vun engem Projet. An deem Fall bedeit dat och de Schluss vu senger Rachmaninoff-Ära. Kritt hien et jeemools nees hin, esou eng déif Bindung zu engem Komponist opzebauen?

D'Mier bréngt him d'Äntwert

Zousätzlech zu enger gefillter Bezéiungskris, bedréckt hien zudeem d'Onsécherheet vu senger Handverletzung. Hie kontempléiert d'Mier fir eng Zäitchen an d'Welle bréngen him d'Äntwert: Ee Komponist kann hien trotz verletzter Hand nach spillen. De Maurice Ravel. Beim betruechte vun de Wellen, geet him dem Ravel seng Musek duerch de Kapp. A souwuel a senger Séil, wéi och a sengem Kierper, fillt et sech gutt un. Dobäi vergësst hien d'Péng u senger Hand. D'Fro, wat elo als nächst kënnt, huet sech vum selwe gekläert. 

Am Abrëll 2025 ass den Emre Yavuz op İzmir gereest, genee do, wou alles ugefaangen huet an huet eis dës Foto geschéckt:

Lauschterenplay_arrow