Déi islännesch Sängerin a Produzentin Björk kennt een éischter fir hir avantgardistesch Poplidder an hiert elektronescht Experimentéieren. Datt een hir Musek op alen Instrumenter interpretéiere kann, dat wäert een de 26. Mäerz an der Abtei Neimënster erliewe kënnen. De Concert “Emotional Landscapes” reinterpretéiert dem Björk seng bekanntste Lidder aus der Period 1995-2007 a vermëscht se mat de greatest Hits aus dem Barock.
Den Theorbist a barocke Gittarist David Chevallier gëtt begleet vun der barocker Sopranistin Anne Magouët a vun der Bassgeiistin Marion Martineau. Hien huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wéi dem Björk seng Musek op alen Instrumenter kléngt a wat hir Musek mat de barocke Kompositioune gemeinsam huet.