Syrien

Éischt Visitt zënter 2009: UNO-Generalsekretär Antonio Guterres reest a Syrien

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres ass fir eng Visitt an der Haaptstad vu Syrien ukomm. Et ass den éischte Besuch vun engem Chef vun de Vereenten Natiounen zu Damaskus zënter 2009, wéi de Ban Ki-moon a Syrie gereest war.

auto_stories

1 min

Antonio Guterres, Ahmed al-Sharaa  | © EPA/Mohammed Al-Rifai
Antonio Guterres, Ahmed al-Sharaa (Foto: EPA/Mohammed Al-Rifai)

Den Antonio Guterres wéilt, wéi et heescht, dem Land seng Ënnerstëtzung, an der politescher Transitioun no iwwer 13 Joer Biergerkrich, zousoen. Hien plädéiert och fir international Hëllef fir Syrien, et wier e kruziale Moment.

Den UNO-Generalsekretär gouf am Presidentepalais zu Damaskus vum Syreschen Interimspresident Ahmed al-Sharaa empfaangen.