Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Muzio Clementi - Toccata Nr.2 a Si bémol Majeur, Op. 11 - Rodolfo Leone (Piano)

play_arrow Live
search

/ Musique Plus // Quatuor Louvigny // Joseph Moog

Resonanzen

Musique Plus // Quatuor Louvigny // Joseph Moog

Een interaktive Projet, Musek aus der Belle Epoque an de Quatuor Louvigny an der Philharmonie.

auto_stories

2 min

headphones

60 min

play_arrow

Een interaktive Projet, bäi deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet 

Dat gëtt 2025 mat engem neie Projet gebueden, dee sech "Musique Plus" nennt. Initiéiert gëtt dëst Event vun United Instruments of Lucilin, enger Formatioun fir zäitgenëssesch Musek zu Lëtzebuerg. Tëscht Abrëll a Juli gëtt op fënnef Weekender, d'Musek nämlech mat anere Beräicher kombinéiert: Architektur. Literatur an och den eegene Sënner. Wéi dat Konzept a Realitéit ausgesäit a wat Iesse mat zäitgenëssescher Musek ze dinn huet, doriwwer schwätzen de Guy Frisch an Olivier Sliepen zesumme mam Lex Kauffmann vum Opus 100,7.

E ganz familiäre Concert

“On a des liens plus que professionels” - dat seet d'Michèle Kerschenmeyer iwwert de Quatuor Louvigny, wou si d'Pianistin ass. Hire nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll Owes um hallwer 8. Deen ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg. Déi fënnef Museker kennen sech alleguer schonn zanter laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill. D’Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Bei dësem Concert spillen si Kammermusekswierker vum Shostakovich a Brahms. Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwert de Concertsprogramm an iwwert déi familiär Atmosphär vun hirem Ensembel.

En Titel, dee net ze vill versprécht

Dem Joseph Moog säi neien Album "Belle Epoque" huet 21 Tracks an et kann ee sécher sinn dorënner eng ganz Rei ongewinnt, mee agreabel Entdeckungen ze maachen. Nieft deene gängege Komponisten, déi ee mat der Belle Epoque verbënnt (z.B. de Ravel, Kreisler, Rachmaninoff, Poulenc, Liszt), sinn och eng ganz Rei manner bekannten Nimm vertrueden. Domat huet een d'Méiglechkeet fir de vollen Ëmfang u Klangfaarwen aus där Zäit kennen ze léieren. Mat der Mel Bonis a mat der Cécile Chaminade beliichten och weiblech Komponistinen de Goût an de Charme aus där Zäit. De Joseph Moog huet scho mat villen Disken de Public an d'Musekskritiker begeeschtert. Och op senger neiste Produktioun straalt de 37 Joer ale Pianist mat technescher a musikalescher Brillanz.

Lauschterenplay_arrow