Klassik Aktuell

Ee grujelege Concert kuerz virun Halloween

Am Kader vun der Concertsrei „Lucilin in the City“ spillt de Lëtzebuerger Akkordeonist Frin Wolter zesumme mam Ensemble Lucilin dëse Freideg (27.10.). Si spille live Musek zum schwedesche Stommfilm „Häxan“ an der Cinémathèque an der Stad.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

Akkordeonist  | © radio100,7 play_arrow
Frin Wolter (Foto: radio100,7)

A genee enger Woch ass Halloween! An dëse Freideg Owend um 7 Auer gëtt et eppes, fir sech schonn op Halloween an alles Grujeleges anzestellen. Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek 'United Instruments of Lucilin' organiséiert ee Concert an der Cinemathèque an der Stad, bei deem live Musek zum schwedesche Stommfilm “Häxan” gespillt gëtt. Am Kader vun der Concertsrei „Lucilin in the City“ gëtt dëse Concert vum Frin Wolter programméiert. De Lëtzebuerger Akkordeonist erzielt dem Marie Schockmel méi doriwwer.

Lauschterenplay_arrow