Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischt Kéier op Tournée a Japan, an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka op de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sangen si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamillje bleiwen, soudass et eng richteg Entdeckungsrees fir d’Jonge ginn, déi tëscht 6 an 22 Joer hunn.
Ee vun den Highlights vun der Tournée ass datt si ganz dacks de “Bullet Train Shinkansen” huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sangen si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënnert anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.