Wat d'Ukrain ugeet, ass d'Prozedur fir eng EU-Memberschaft blockéiert. An Israel kritt vun der EU Mënscherechtsverletzungen an der Gazasträif reprochéiert, mee et ass onkloer, wéi een Tel Aviv dozou beweegt kritt säi Kurs ze änneren.
Drock op israeelesch Regierung
Soll een Drock op Israel maachen, fir datt d'Mënscherechter an der Gazasträif respektéiert ginn? A wa jo, wéi? Doriwwer wëllt d'EU an den nächste Woche weider diskutéieren.
De Premier Luc Frieden seet, d'EU wier absolut net d'accord mat deem, wat Israel an der Gazasträif mécht.
“Mee ech weess net, ob den Här Netanjahu total impressionéiert ass, wann en da gesot kritt, elo suspendéiere mir verschidde Saachen. Jo, dat muss een héchstwarscheinlech envisagéieren. Mee ech mengen den Dialog, d'Pressioun, dat ass essenziell.”
Keng EU-Memberschaft fir d'Ukrain
Kee Fortschrëtt gëtt et, wat d'Prozedur fir eng EU-Memberschaft vun der Ukrain ugeet. Ungarn refuséiert d'Ukrain ze ënnerstëtzen.
De Luc Frieden seet, et misst een iwwer d'Reegele fir déi néideg Unanimitéit an esou Dossieren nodenken.
“Déi Reegelen hei stinn net alleguerten am Vertrag. Dofir ginn et do och vläicht aner Modalitéiten, fir déi ze änneren. Mee à ce stade komme mir do net weider, well mir net eestëmmeg doriwwer entscheede konnten.”
Séieren Accord fir US-Douanestaxen
Entscheet ass awer, datt ee gär e séieren Accord mat den USA iwwer Douanestaxen hätt. Dee Wonsch gouf um EU-Sommet ausgedréckt.
Den US-President Donald Trump hätt gär en Accord bis den 9.Juli. Geschitt dat net, dreet hie mat héijen Douanestaxen op europäesche Produiten.
“Wann een d'Resultat net kritt, da muss ee selbstverständlech mat Géigemesurë reagéieren. Mee eist Zil ass ganz kloer: De Message un d'Kommissioun ass alles ze maachen, fir datt mir mat eisem gréissten Handelspartner, deen Amerika ass, eise gréisste Partner och a Sécherheetsfroe mat Amerika e Resultat kritt.”
Woubäi weider Resultater an der Klimapolitik riskéieren op sech waarden ze loossen: Frankräich huet um EU-Sommet a Fro gestallt, datt deemnächst Klimareduktiounsziler bis 2040 solle fixéiert ginn.
De Luc Frieden wollt sech net dozou äusseren, huet awer Versteesdemech gewisen.
D'CSV-DP-Regierung hätt nach keng Positioun an et wier um CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes fir do Statements ze maachen.