Migranten, deenen hir Demande fir internationale Schutz ofgeleent gouf, sollen an Zentere baussent der EU kënnen ënnerbruecht ginn, wa si net an hir Heemechtslänner kënnen zeréckbruecht ginn.
Dat kann de Fall sinn, wann d‘Heemechtsland d‘Arees verweigert oder wann et keng diplomatesch Relatioune mat deem Land gëtt. A wéi engen Drëttstaaten esou Zentere sollen entstoen, ass nach onkloer.
Iwwer déi nei Reegele mussen d‘EU-Parlament an d‘EU-Länner nach formell ofstëmmen.