Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Ouverture aus "Le nozze di Figaro" KV 492 (Oper) - Klangkollektiv Wien, Rémy Ballot (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ E volle Concertsweekend am Éislek

Klassik Aktuell

E volle Concertsweekend am Éislek

Dëse Samschden a Sonnden (27. & 28.04.) ginn et direkt dräi Concerten um Klenge Maarnecher Festival

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

De Klenge Maarnecher Festival ass dëst Joer erëm amgaangen zanter dem 23. Mäerz. Dëse Weekend ginn et direkt dräi Concerten a Kierchen am Norden. Dat Besonnescht: et gëtt net nëmme Musek ze entdecken, mee och d’Geschicht an den Dekor vun de Kierchen, ënnert anerem zu Eschweiler.

Bei zwee vun de Concerte spillt den Ensembel Ad Libitum Barockmusek, zesumme mat enger Sängerin an engem Sänger vu Lëtzebuerg. Dat ass, wéi de Romain Kremer seet, e “Concert deen ënnert d’Haut wäert goen”. Um drëtte Concert spillt dann en Duo mat enger Geiistin an enger Pianistin Geiesonate vum Beethoven. Detailer huet de Romain Kremer, den artisteschen Direkter vum Festival, dem Marie Schockmel verroden.

Lauschterenplay_arrow