Séiss-sauer kann net nëmmen Iesse sinn, mee och Musek. Dat beweisen d’Sinfonietta Riga an déi dräi Solisten Nina Karmon, Justus Grimm an Oliver Triendl. Si spille Musek vum éisträichesche Komponist Hans Gál, déi immens schéin ass, an awer och ëmmer erëm mat schifen Téin iwwerrascht. Et ass eng Musek, déi engem definitiv net esou séier aus dem Kapp geet.