An der Fondation Valentiny

E musikalesche 4-Gäng-Menü

E 4-Gäng-Menü genéissen a gläichzäiteg passend Live-Musek erliewen? Dat geet den 13. Juli an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen.

auto_stories

2726 min

headphones

21 min

Carlo Sauber & Aaron Einbond | © © Jil Hamm / United Instruments of Lucilin play_arrow
Carlo Sauber & Aaron Einbond (Foto: © Jil Hamm / United Instruments of Lucilin )

All fënnef Sënner matenee verbannen - dat mécht een net bewosst a net all Dag. Beim nächste Concert vum Ensembel "United Instruments of Lucilin" an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen de Sonnden 13. Juli gëtt et net nëmme nei Musek vum US-Amerikaner Aaron Einbond ze genéissen, mee gläichzäiteg och ee 4-Gäng-Menü als Mëttegiessen. Dee gëtt op der Plaz zesumme gestallt vun de Chefkäch Carlo Sauber an Thomas Murer an der Ekipp aus dem Bouneweger Lycée. Do gëtt de Carlo Sauber schonns zanter 28 Joer seng Passioun vum Kachen un déi méi Jonk weider.  

Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Chefkach an de Komponist, wéi zu der aussergewéinlecher Kollaboratioun fir de Concert vu Lucilin komm ass, wat si bis elo iwwerrascht huet, a wat hinnen am meeschten dru gefält.

Lauschterenplay_arrow