“On a des liens plus que professionels” - dat seet d'Michèle Kerschenmeyer iwwert de Quatuor Louvigny, wou si d'Pianistin ass. Hire nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll Owes um hallwer 8. Deen ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg.
Déi fënnef Museker kennen sech alleguer schonn zanter laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill. D’Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Bei dësem Concert spillen si Kammermusekswierker vum Shostakovich a Brahms.
Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwert de Concertsprogramm an iwwert déi familiär Atmosphär vun hirem Ensembel.