Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  

play_arrow Live
opus

/ Duebelbesteierungsofkommes: Gewerkschaften a Finanzministère schaffen u Léisung

Däitsch Frontalieren

Duebelbesteierungsofkommes: Gewerkschaften a Finanzministère schaffen u Léisung

D’Gewerkschaften LCGB an OGBL schaffen zesumme mam Finanzministère eng Léisung aus, fir ze verhënneren, datt d’Iwwerstonnen, déi däitsch Frontalieren hei am Land leeschten, weider an hirer Heemecht besteiert ginn.

auto_stories

1 min

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth hätt sech gëschter an enger Reunioun an deem Sënn engagéiert gewisen, seet de Generalsekretär adjoint vum LCGB, de Christophe Knebeler.

D’Optioun, déi um Dësch läit, misst awer elo als éischt nach vun der Steierverwaltung iwwerpréift ginn, sou de Gewerkschaftler, ouni Detailer wëllen ze nennen. Et wier awer och wichteg, datt mam däitsche Finanzminister Christian Lindner Récksprooch gehale gëtt, gouf an der Reunioun festgehalen.

Doriwwer eraus gouf präziséiert, datt d’Besteierung vun den Iwwerstonne just ufält, wann ee gewësse Montant iwwerschratt gëtt. Fir dat ze evaluéiere missten awer all concernéiert Frontalieren eng opwenneg Steiererklärung ausfëllen, kritiséieren d’Gewerkschaften.