An eegener Saach

Drëtten oppenen Appell fir Projete fir Lauschterspiller

Gesicht gi Geschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vun 3 bis 4 Joer

auto_stories

1 min

De Média de service public 100,7 lancéiert säin drëtten oppenen Appell fir Lauschtergeschichten, déi vun onofhängege Produzente realiséiert ginn. Gesicht gi Geschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vun dräi bis véier Joer.

Den Appell ass fir fäerdeg produzéiert Lauschterspiller. Et ass deemno de Produzenten hir Roll, Auteuren, Schauspiller:innen, Tountechniker:innen, etc. zesummenzebréngen.

Ënner de Projeten, déi bis den 8. Juni 2026 eragereecht kënne ginn, wäerten zwee Stéck ënnerstëtzt ginn, fir eng Pilot-Episod ze produzéieren. De Gewënner kritt dann den Optrag, eng ganz Staffel vu Lauschterspiller ze produzéieren.

D’Geschichte wäerten an der Kannerkëscht, der Online-Mediathéik vum radio 100,7 fir Kanner (www.kannerkescht.lu), publizéiert ginn.

De kompletten Appell kann ënnert dësem Link erofgeluede ginn: Dokument opruffen