Nobelpräis

Dräi Fuerscher kréien den Nobelpräis an der Medezin am Beräich vun der Optogenetik

Déi däitsch Fuerscher Peter Hegemann a Georg Nagel an den US-Amerikaner Karl Deisseroth ginn ausgezeechent fir hir Entdeckungen am Beräich vun der Optogenetik. Dat ass eng biologisch Technologie, mat där d‘Aktivitéit vun Nerven- a Muskelzellen mat Hëllef vu Liicht prezis un- an ausgeschalt ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Steffen Trumpf
(Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf)

Zënter 125 Joer gëtt den Nobelpräis verdeelt. Fir dat ze feieren, gouf d'Präisgeld gehéicht op ëmgerechent eng Millioun Euro. 

Den Nobelpräis fir Medezin mécht den Optakt vun der Woch vun de Nobelpräisser zu Stockholm. D‘Nobelpräisser fir Physik, Chimie a Literatur ginn am Laf vun der Woch zu Stockholm annoncéiert. De Friddensnobelpräis gëtt e Freideg zu Oslo ugekënnegt.

Präis fir Wirtschaft ass keen Nobelpräis

E Méindeg gëtt nach zu Stockholm den sougenannte Gedächtnis-Nobelpräis fir Wirtschaftswëssenschaften ugekënnegt. Dee Präis geet am Géigesaz zu deenen aneren Nobelpräisser net op dem Alfred Nobel säin Testament zeréck, mee gëtt zënter de 60er Jore vun der schweedescher Zentralbank finanzéiert. 

Den 10. Dezember gëtt de Präis feierlech iwwerreecht, um Doudesdag vum Alfred Nobel, de schweedesche Fuerscher, deen ënner anerem Dynamit entwéckelt huet. 

2025 haten déi dräi Wëssenschaftler:innen Mary Brunkow, Fred Ramsdell a Shimon Sakaguchi den Nobelpräis fir hir Fuerschung zum Immunsystem kritt. Hir Entdeckungen hate gehollef, weider Therapien ze entwéckelen.