Aktuell

Direkter vum Escher Conservatoire suspendéiert 

Den Direkter vum Escher Conservatoire, Jean Halsdorf, ass suspendéiert. Dat geet aus engem Bréif ervir, deen Eltere vu Conservatoiresschüler:inne kruten.

auto_stories

1 min

Direkter vum Escher Conservatoire  | © radio100,7
Jean Halsdorf (Foto: radio100,7)

Am Schreiwes, dat dem Radio 100,7 virläit, heescht et, datt et zu enger Denonciatioun koum, déi d'Léierpersonal betrëfft a juristesch an oder administrativ Poursuitten no sech zéie kéint. 

D’Eltere ginn och ëm eventuell Retouren am Zesummenhank mam “Liewe vum Conservatoire” gefrot. Dofir solle si sech un de Service juridique vun der Escher Gemeng adresséieren.