Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Astor Piazzolla - Libertango - The Wave Quartet

play_arrow Live
opus

/ Deutsche Bahn: 16 Milliarden Euro fir ee bessert Schinnennetz 

Däitschland

Deutsche Bahn: 16 Milliarden Euro fir ee bessert Schinnennetz 

Déi Däitsch Bunn lancéiert ee Programm fir d‘Verbessere vun hirer Infrastruktur. Ronn 16,4 Milliarden Euro sollen an d‘Erneiere vun ënner anerem 2.000 Kilometer Schinnen an d‘Renovéiere vun 150 Brécken an Dausende vu Garen investéiert ginn.

auto_stories

1 min

Mat dëser Mesure soll d‘Infrastruktur vu bis elo méi leeschtungsfäeg a robust gemaach ginn, heescht et vum Konzern.

D‘Schinnennetz vun der Deutschen Bahn gëllt allgemeng als iwwerlaascht. Am Alldagsbetrib féiere vill Stéierungen op wichtege Linne wéi och sëlleg Chantieren zu gréissere Problemer bei der Pénktlechkeet.