Radioen

On air

Resonanzen  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Piano Nr.2 a Fa Majeur, I. Allegro Con Spirito - Clare Hammond (Piano), Swedish Chamber Orchestra, Nicholas McGegan (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den Iran verséchert: Atomwaffen si keen Deel vun der Verdeedegungsstrategie

Eskalatioun mat Israel soll evitéiert ginn

Den Iran verséchert: Atomwaffen si keen Deel vun der Verdeedegungsstrategie

Den Iran huet eegenen Aussoen no net Wëlles seng nuklear Doktrinn ze iwwerdenken an et sollen och keng Atomwaffe gebaut ginn. Eng Ausnam kéint et awer ginn.

auto_stories

1 min

De Kommandeur fir nuklear Sécherheet am Iran, den Ahmad Hagh-Taleb, hat d’lescht Woch behaapt, datt d’Land een neie Wee beim Atomprogramm kéint aschloen.

Ee Spriecher vum iraneschen Ausseministère huet sengersäits haut géigeniwwer der Noriichtenagence Tasnim gesot, Atomwaffen hätte keng Plaz an der iranescher Verdeedegungsstrategie an den Atomprogramm wier weiderhin am Aklang mat internationale Virschrëften.

Am Fall wou Israel dem Iran mat Attacken op iranesch Atomanlage géing droen an d‘Land domat wéilt ënner Drock setzen, wier eng “Iwwerpréiwung vun der nuklearer Doktrinn a Politik vun der Islamischer Republik, méiglech an denkbar”.