Lokales

Den CSV-Deputéierten a Syvicol-President Emile Eicher hält als Schäffen zu Clierf op

Den Emile Eicher hält als Clierfer Schäffen op. Dat huet delaangjäregen CSV-Gemengepolitiker eis confirméiert. Hien hat dat schonn ugekënnegt, mee elo ass den Datum da bekannt: Hie leet säi Mandat als Schäffen den 1. Juli néier.

auto_stories

1 min

Emile Eicher | © Jo Diseviscourt
Emile Eicher (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Emile Eicher bleift awer als Conseiller am Gemengerot, firdatt hie President vum Gemengesyndikat Syvicol ka bleiwen. D‘Successioun am Schäfferot iwwerhëlt de Conseiller Jules Clement. 

Den Emile Eicher hat och scho gesot, datt hie säi Mandat an der Chamber net géif fäerdeg maachen. Wéini hien do zerécktrëtt ass awer nach net bekannt.