Eng lescht Kéier...

Dem Carillonneur Fabrice Renard seng 26 Joer zu Iechternach

No 26 Joer ass et fir de Carillonneur Fabrice Renard un der Zäit, der neier Generatioun de Virtrëtt ze loossen.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Fabrice Renard, carillonneur vun der Iechternacher Basilika | © opus 100,7 / Lex Kauffmann play_arrow
Fabrice Renard, carillonneur vun der Iechternacher Basilika (Foto: opus 100,7 / Lex Kauffmann)

Et si vill flott Momenter, op déi de Carillonneur Fabrice Renard mat Stolz an Dankbarkeet zeréckkuckt. 26 Joer laang war hie Carillonneur an domat mat verantwortlech fir d'Klackespill an der Basilika vun Iechternach.

An der Summerpaus organiséiert hien och 2025 nees "Les Ballades du Carillon", wou d'Visiteuren ee Bléck hannert d'Kulisse vun dësem historeschen Instrument kréien. D'Iechternacher Klackespill zielt nämlech zum eenzege mechanesche Klackespill zu Lëtzebuerg, wat manuell gespillt ka ginn.

Bei senger allerleschter "Ballade" hu mir de Museker begleet an iwwert déi flottste Momenter, mee och de Carillon a säi Fonctionnement geschwat. An zum Schluss huet de Museker eis souguer eng Iwwerraschung virgespillt...

Lauschterenplay_arrow