Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Déieren, Texter a Sound

KLASSIK AKTUELL

Déieren, Texter a Sound

Am Gespréich mat der tierkescher Kënschtlerin Selin Davasse

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow
Selin Davasse, Artistin am Lëtzebuerger Pavillon op der Konschtbiennale zu Venedeg

Am Lëtzebuerger Pavillon op der Konschtbiennale zu Venedeg si reegelméisseg Performancen - an dat vun Abrëll bis an den November. Dës Kéier sti Soundscapes - also Klanglandschaften - am Mëttelpunkt. Wärend deene verschiddene Residenzen experimentéieren d’Kënschtler:inne vum Lëtzebuerger Pavillon mat enger Sound-Bibliothéik, zesummegestallt vun eegenen, mee och Kläng vun den dräi anere Kënschtler:innen a Komponisten a Komponistinnen, a stellen duerno d'Resultat am Kader vun enger Performance vir.
Déi éischt Kënschtlerin, déi am Lëtzebuerger Pavillon opgetruede war, ass d’Artistin Selinn Davasse. Si huet mat Texter a mat Soundeffekter eng Opféierung op d’Bün bruecht, déi eist Verhältnes zu Déieren ervirhieft. Virun allem Musek ass fir déi tierkesch Artistin, déi sech haaptsächlech mat der Sprooch beschäftegt, zimlech nei an hire Performancen. Dat huet d’Selin Davasse dem Jeff Schinker zu Venedeg am Interview verroden.