Déi nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg gouf elo bei enger Pressekonferenz virgestallt. Ganz d’Kaz aus dem Sack rausloossen, wollt de Christoph König, zënter 2010 Dirigent an Directeur Musical vun den SEL, awer net. E puer Iwwerraschungen an der Programmatioun solle bis zu de Concerte selwer bleiwen.
Déi nei Saison steet ganz ënnert der Philosophie vum Orchester, déi dora besteet: “Weg von dem, das auf dem Programm gut aussieht oder musikwissenschaftlich gut aussieht.”, sou de Christoph König.
"Doppelter Zapfentreich"
Insgesamt hält de Programm vun den SEL ëmmer nees kleng Iwwerraschunge prett, sou och scho beim éischte Concert, engem “Doppelten-Zapfenstreich”. Woubäi den zweeten “Streich”, nieft dem Zapfenstreich-Marsch vum Beethoven, awer geheim bleift.
Als Highlights zielen ee Concert mam franséische Starcellist Jean-Guihen Queyras an enger Kompositioun vum Kerry Turner, fréiere Solocornist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. An ee Komponist, deen de Christoph König besonnesch schätzt.
Ma och de Chrëschtconcert vun den SEL stécht als Highlight eraus. “Christmas à la Hollywood II” knäppt un de Programm vu leschtem Joer un. Souwuel den Dirigent, wéi och de Numm selwer loossen undeiten, dass hei wuel eng Serie entstoe kéint.
Nei Gesiichter am Programm ze entdecken
Ze fanne sinn dann awer och nei Komponisten. Een dovun de Julius Fučik, spéitromantesche Komponist aus Tschechien, deen eng éischte Kéier am Programm vun engem SEL Concert ze fannen ass.
Dem Directeur Musical Christoph König seng Devise fir de Programm vun der neier Saison ass kloer.
“Ungewöhnliche Sachen mit klassischen Enden, damit das Publikum und das Orchester etwas haben, worauf sie sich freuen können.” - Dirigent Christoph König
Changementer an der Administratioun
D’Saison 2026/27 bréngt awer nach eng Ännerung mat sech. Mam Guy Castegnaro ass et déi éischt komplett Saison mat de Solistes Européens, Luxembourg als neien Administrateur Délégué. De Guy Castegnaro ass den Nofollger vum Serge DeCilia an huet niewent senger Karriär als Jurist, ee musikalesche Background als fréiere Museker an Trombonist.
Vun der Saison 2027/28 wäerten d’Holzbléiser vun den SEL Verstäerkung kréien. De Julius Sebastian Kirchner, deen dëst Joer och bei engem Concert mam Orchester spille wäert, soll neie Soloklarinettist ginn.
Finanziell wieren et dem Guy Castegnaro no 2026 awer schwéier Zäiten. Zwar kéint ee säitens dem Kulturministère mat ronn 10% méi Ënnerstëtzung ganz zefridde sinn, an awer:
“Fir Sponsoren ze fannen ass net esou einfach (...) virun allem fir grouss Projeten” (...) Et ass och een Challenge fir virun allem déi nei Leit an de Concert ze kréien. D’Abonnementer säit Corona sinn net méi esou den Trend. - Guy Castegnaro
D’musikalescht Zil vum Orchester wier kloer an och soss wier ee gutt opgestallt.
“Mir bleiwen net stoen. Mir probéieren eis unzepassen un d’Zukunft, un dat wat dobausse leeft, wat d’Leit wëllen. Dat ass vill Aarbecht (...) mee mir sinn oppe fir alles. D’Signaler si scho ganz positiv.” – Guy Castegnaro