Kuerz Ugestëmmt

Déi nei Kompositioun fir Nationalfeierdag 2026 geet un de Jean-Jacques Mailliet

De jonke Lëtzebuerger Komponist, Arrangeur a Geiist Jean-Jacques Mailliet wäert d’Ouverturesstéck komponéieren, wat Nationalfeierdag wärend der offizieller Zeremonie an der Philharmonie opgefouert gëtt.

auto_stories

1 min

Jean-Jacques Mailliet | © Post Luxembourg / Claude Piscitelli
Jean-Jacques Mailliet (Foto: Post Luxembourg / Claude Piscitelli)

De jonke Lëtzebuerger Komponist, Arrangeur a Geiist Jean-Jacques Mailliet wäert d’Ouverturesstéck komponéieren, wat Nationalfeierdag wärend der offizieller Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2026 opgefouert gëtt. Dat huet de Kulturministère haut de Moien an engem Communiqué annoncéiert.

De Jean-Jacques Mailliet gouf 1998 gebuer an huet scho mat 3 Joer ugefaange Gei ze spillen. Hien huet klassesch Gei am Conservatoire studéiert, herno ass hien an d’Jazzdepartement gewiesselt. De jonke Geiist huet am Paräisser Conservatoire (CNSMDP) studéiert an huet e Master am Jazz an an de Musiques Improvisées.

2015 koum säin éischten Album zesumme mam Orchestre National de Jazz de Luxembourg eraus, mat eegene Kompositiounen. Zanterhier stoung hien ënner anerem mam Gast Waltzing, mat de Lëtzebuerger Philharmoniker oder och mam Nationalen Tschechesche Sinfonieorchester op der Bün.