Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Déi Lénk kritiséieren héich Zënsen trotz Rekordbeneficer vun de Banken

Protestpiquet

Déi Lénk kritiséieren héich Zënsen trotz Rekordbeneficer vun de Banken

D‘Banke maache Rekordbeneficer a froe gläichzäiteg héich Zënsen op de Prêten. Dat ass d‘Kritik vun déi Lénk op hirem Protestpiquet virum Haaptsëtz vun der Spuerkeess. D’lescht Joer hunn d’Lëtzebuerger Banke 6,6 Milliarden Euro Gewënn gemaach.

auto_stories

1 min

Foto: Marlène Clement

De President vun der Bankenassociatioun ABBL, Yves Stein, hat rezent am 100,7-Interview gesot, mam Rekordgewënn kéinten d'Banken elo méi investéieren, ënnert anerem an d’Digitaliséierung. Dat gesäit de Ben Muller vun déi Lénk anescht. Senger Meenung no missten d’Zënsen op de Prêten erofgesat ginn an d’Banke missten ophale weider Agencen zouzemaachen.

„Dat heescht mat där Plus-value, wou ee rakritt huet, mat dem Benefice, deen ee gemaach huet, datt een a seng Infrastrukturen investéiert an net just an d'Digitalisatioun, déi dann zwar vläicht schéi kléngt, mee an deem Sënn net déi selwecht Aarbechtsplazen erhält oder schaaft, déi Guichete sinn.“

Vill Leit bräichten och d‘Guicheten, well se mat den digitale Servicer net sou gutt eens ginn. A se wiere wichteg fir déi lokal Connectivitéit.

Et misst een och un d‘Aarbechtskonditioune vun den Ugestallten denken. Héich Beneficer wieren och hinnen ze verdanken, an hätten deemno ee Stéck vum Kuch verdéngt, betount de Ben Muller.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft