Net all Parteien aus dem politesche Spektrum sinn awer dobäi.
Bei déi Lénk geet d’Distanz zur Initiativ schonn op Ufank 2025 zeréck. Deemools ware jonk Membere kontaktéiert ginn, fir bei enger éischter Initiativ matzemaachen, aus där sech spéider d’Plattform entwéckelt huet.
D'Analys geet deene Lénken net wäit genuch
Een zentrale Punkt huet dem André Marques awer schonn deemools gefeelt: D'Fro, wéi sozial a wirtschaftlech Problemer d’Onzefriddenheet mat der Demokratie beaflossen.
"Mir begréissen, datt no der Wal a Sachsen-Anhalt Kommentarer kommen zur sozialekonomescher Analys."
Hie géif awer un der Seriositéit vun der Analys zweifelen.
"Mir kënnen net iwwer d'Demokratie schwätzen an net kucken, wat fir Politik gëtt gemaach géint Aarbechtsbedingungen, géint Liewensbedingungen, déi och derzou féieren, datt d'Leit ëmmer méi rose ginn, ëmmer méi verzweifelt ginn an och probéieren an der AfD oder an anere rietsextreeme Parteien eng Méiglechkeet ze fannen."
Bei de Pirate läit d’Kritik op engem anere Punkt. De Parteipresident Sven Clement seet, weder d’Piraten nach hir Jugendorganisatioun, d’Jonk Piraten, wiere fir d’Plattform kontaktéiert ginn. Onofhängeg dovun hält hien d’Ausriichtung vun der Initiativ a verschiddene Punkte fir problematesch.
Fir d'Pirate brauch ee grad keng méi streng Reegelen
Souguer wann ee gefrot gi wier, kéint een déi Plattform net ënnerstëtzen, déi probéiert ee Status quo ze zementéieren, seet de Sven Clement.
"Et huet ee bëssen d'Gefill, datt hei probéiert gëtt esou ze maachen, wéi wa jiddwereen, deen net Deel vun der Plattform ass, e Feind vun der Demokratie wier. Et gëtt direkt insinuéiert, et bräicht ee méi streng Reegelen, fir d'Meenungsfräiheet anzeschränken, zum Beispill op de sozialen Netzwierker."
Et géif gemaach gi wéi wann déi aktuell Gesetzer net wäit genuch géife goen.
"Dat ass fir eis, fir eng Partei, déi sech awer fir d'Meenungsfräiheet an och fir d'fräi Selbstbestëmmung vun de Mënschen asetzt, immens aschränkend."
Nach eng Kéier anescht ass d'Situatioun bei der ADR. D’Grënner vun der “Plattform fir Demokratie” haten erkläert, si hätten d’ADR bewosst net kontaktéiert, well si dovun ausgaange wieren, datt d’Partei verschidde Grondwäerter aus de Statuten net matdroe géif.
Dozou zielen de Respekt vun der Gläichheet vun de Geschlechter, de Schutz vu Minoritéiten an eng verstäerkten europäesch Integratioun.
ADR schafft un eegener Plattform fir Demokratie
Fir de President vun der Jugendorganisatioun vun der ADR, de Max Woroszylo, wier dat e Widdersproch. Hie seet, wien d’Demokratie stäerke wéilt, misst och mat politeschen Acteuren am Gespréich bleiwen, mat deenen een net averstan ass.
"Et misst ee mat jidderengem schwätzen. Dowéinst hate mir jo och eng Pressematdeelung erausbruecht. Mir schaffen och scho säit méi laanger Zäit un enger Plattform fir eng gewëss direkt Demokratie."
Dat ëmzesetze wier awer net esou einfach, stellt de Max Woroszylo fest.
"Well et muss een natierlech mat de Modalitéite kucken. Mee hei fannen ech et ganz wichteg, datt jidderee matenee schwätzt. An dat gouf hei net gemaach, dat gouf hei net erfëllt. Dat ass schonn zimmlech hypokritesch, wann ee vun Demokratie schwätzt an dann awer net wëllt jidderee mat abannen. Dat gesinn ech scho problematesch."
D’Grënner:inne vun der Plattform weisen d’Kritik, d’Initiativ géif sech géint d’ADR riichten, zeréck. D’Danielle Filbig vun der LSAP hat bei der Presentatioun betount, et wier "kee Club géint d’ADR". D’Plattform wier och op fir weider politesch Acteuren.