De Venant Arend huet um Grammophon vu sengem Papp scho fréi grouss Tenoren, wéi den Enrico Caruso, héiere sangen. Dat huet hien esou faszinéiert, datt hien sech mat 15 Joer entscheet huet emol Sänger ze ginn.
Op Rot vu sengem Papp huet hien awer fir Schoulmeeschter geléiert, an hien huet och 36 Joer laang zu Tënten Schoul gehal. An der Normalschoul, wou d’Léierpersonal ausgebilt ginn ass, war hien a Kontakt mam Edmond Cigrang, dee vill Wäert op d’Sange geluecht huet. An et war och hien, deen de Venant Arend encouragéiert huet, fir Gesang ze maachen. Am Stater Conservatoire huet hie Course beim Nicolas Schuh geholl a parallel dozou zu Metz am Conservatoire beim Georges Génin.
No sengem éischte Concert 1960 ass dann eng fruchtbar Frëndschaft mat enger prominenter Lëtzebuerger Komponistin entstanen, wéi de Venant Arend an engem 100komma7-Interview verroden huet:
„‘t war am Vollekshaus, an se huet mech gefrot: „Wësst Der ween ech sinn?“ „Jo“ sot ech: „Dir hutt Gedichter geschriwwen, Dir sidd d’Hélène Fournelle“, „Nee nee“ sot se, „‘t ass bal richteg, ech hu Musek op d’Gedichter gemaach – wëllt Der meng Musek héieren?“ „Jo“ sot ech. „Da kommt mar de Moie bei mech an d’Schillerstrooss." Ech koum an d’Schillerstrooss bei der ARBED – do huet si gewunnt – an do waren da vill Leit – Kolleege vun hinnen, vun hir, fréier Schülerinnen, an si huet mir direkt e Lidd vu sech an de Grapp gedréckt. Ech weess nach haut wat et war, et war d’„Feldeinsamkeit“ vum Henri Allmers déi och de Brahms vertount huet – an ech hunn dat gesongen, a vun där Zäit u war ech bal all Dag bei der Lou Koster. Si huet mech an d’Lied eragefouert, sou ze soen, net eleng an d’Lëtzbuerger Lied, well mer hu jo och op den „OnstLidd“-Concerten nët eleng Lou Koster gesongen, mer hunn och alleguer déi aner Lëtzebuerger Tounlidderkomponisten – dat muss en hei ennersträichen – hu mir och op de Programm gesat, fir dass se nëmmen net solle verscholle ginn.“
Doraus ass eng laangjäreg Frëndschaft an Zesummenaarbecht mat der Lou Koster entstanen. Op Rot – an duerch Ennerstëtzung – vun hir ass de Venant Arend weider op Salzburg an de Mozarteum gaangen, wou hie beim Fritz Lunzer a beim Erik Werba geléiert huet.
Als Member vum Vokalensembel „Onst Lidd“ huet de Venant Arend mat der Béby Kohl-Thommes an dem Laurent Koster gesongen. Donieft ass hien och mat der Josette Doemer an der Marie-Jeanne Klein opgetrueden. Um Piano begleet gouf hie vun der Lou Koster, Erna Hennicot-Schoepges, Jeannette Braun-Giampellegrini an och vum Jean-Pierre Kemmer. Säi Repertoire huet sech dobäi awer net nëmmen op de Lëtzebuerger Repertoire beschränkt.
„Ech hunn Oper gesong, Operett, Konschtlidd, Musical, an, wéi ech ganz jonk war, wéi meng Stëmm ganz héich louch, do hunn ech souguer an den Oratorie gesongen. Ech hat zwar eng Heedenangscht vrun de Vocalisen, dofir hunn ech och ni Rossini-Aire gesongen, dat ginn ech lo zou – dat ass eng negativ Säit vu menger Stëmm, awer ech hunn esou gär d’Evangeliste gemaach, am Bach oder am Telemann oder am Schütz, an ech hunn nach haut Opnamen dovun.“
De Venant Arend huet eis Opname vun Honnerte Lidder hannerlooss, déi hien alleguerten a senger aktiver Zäit als Sänger vun den 1960er bis an d‘90er Joren eran opgeholl huet.