Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.8 a La Mineur, K. 310, III. Presto - Sophie Pacini (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Gilles Roth: De Stroumpräisdeckel bleift och fir 2024 bestoen

Hausse vun de Stroumpräisser

Gilles Roth: De Stroumpräisdeckel bleift och fir 2024 bestoen

Dës Woch hunn d’Energie-Fournisseuren Enovos a Leoenergy annoncéiert, datt d’Präisser den 1. Januar 2024 wäerte klammen. Detailléiert Zuelen, wéi vill d’Entlaaschtung vun de Stéit fir d’Energiekäschten an d’Inflatioun ze bremsen de Staat d’nächst Joer wäert kaschten, solle réischt am Fréijoer virleien. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Alexander Schimmeck / Unsplash

Déi staatlech Mesure, fir d’Präisser um Niveau vun 2022 ze stabiliséieren, déi bis Enn 2024 verlängert gouf, soll d’Präis-Erhéijung um Client senger Facture am Prinzip kompenséieren, heescht et vun de Stroum-Fournisseuren Enovos a Leoenergy.

Bei der Fro, wéi vill méi de Staat dat nächst Joer dowéinst zousätzlech muss ausginn, ënnersträicht den neie Finanzminister Gilles Roth virop, datt de Stroumpräisdeckel och dat nächst Joer viru bestoe bleift.

"Déi Engagementer, déi déi fréier Regierung och am Kontext vun der Tripartite gemaach huet, déi stellt dës Regierung net a Fro. Dat muss een an engem Gesamtkontext kucken: et ass net nëmmen de Stroum, dee spillt, mee et ass och um Gas, wou d’Evolutioun vum Weltmarché vum Gas éischter favorabel ass. Dat wat de Finanzminister interesséiert, dat ass dat, wat ënne raus kënnt."

Keng Ännerunge bei SUDenergie

No den Ukënnegungen dës Woch vu méi héije Stroumpräisser fir Privatclienten hätt de Finanzministère de Moment nach keng Gréisstenuerdnung un eventuelle Méikäschte fir d’Energiepräisbrems virleien.

"Dat ass nach net am Detail berechent. Et hänkt jo net nëmme vum Finanzministère of, mee et sinn nach aner Ministerkolleegen, déi mat concernéiert sinn. Dat sinn natierlech Saache, déi mussen an de Budget 2024 afléissen. An déi Detail-Chifferen, déi wäerten och do ageschriwwe ginn. Dee Budget, dee wäert virun der Ouschtervakanz fäerdeg sinn, well dee muss virum 30. Abrëll gestëmmt ginn."

Bei SUDenergie wäert de residentielle Stroumtarif op den 1. Januar 2024 stabel bleiwen, huet et op eis Nofro vun Esch geheescht.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit