Musek

De Quartett Jambal vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic Festival 2027

D'Lëtzebuerger Jazz-Formatioun trëtt de 15. Januar 2027 zu Groningen an Holland op. De Festival bitt jonken Talenter d'Méiglechkeet, sech viru Professionellen aus dem europäesche Live-Secteur ze presentéieren. De Radio 100,7 huet Jambal selektionéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Si géife sech freeën, fir kënnen zu Groningen opzetrieden, seet de Perkussionist Arthur Clees.

Als instrumentale Quartett bezeechnen Jambal hir Musek als modernen Jazz.

"Vill Impro, vill syntheetesch Kläng. Mee souguer deen instrumentellen Jazz gewënnt ëmmer erëm u Popularitéit, wéi zum Beispill de Moses Yoofee Trio." 

D’Energie op der Bün zielt

Wa si vum Rapper Matteo Griz Wolff alias Kenai Shogun begleet ginn, géif dat nach eng Kéier eng ganz aner Grupp vu Leit erreechen, seet den Arthur Clees.

"Um Enn zielt d'Energie op der Bün an d'Energie, déi mir un d'Leit weidergi kënnen." 

An der Formatioun mam Rapper wier d'Musek méi Beat-orientéiert an d'Stécker hätte méi eng Songstruktur.

Jambal | © Erik Mathias
Jambal (Foto: Erik Mathias)

Verbonnenheet mat Lëtzebuerg

Jambal siche ganz konkret no Leit, déi hinne beim Booking kënnen hëllefen, beim Manage vun der Band a bei Social Media. 

Fir si wier et wichteg, datt déi Leit, mat deene si zesumme schaffen, hir Philosophie géife verstoen a respektéieren, seet den Arthur Clees. Fir si wier d'Frëndschaft an den DIY-Esprit ganz wichteg. 

Och d'Verbonnenheet zu Lëtzebuerg géif hinne vill bedeiten. Op musikaleschem Plang wéilte si e Sproochrouer fir lëtzebuergesch Jugendkultur sinn.

Den Eurosonic zu Groningen

Den Eurosonic Festival ass ee vun den dräi grousse Rendez-vousen am Joer fir den europäesche Live-Musek-Secteur. Hei kréien nei Talenter d'Méiglechkeet, sech virun engem Fachpublikum ze presentéieren.

Lauschterenplay_arrow