De Pierre Cao war Dirigent a Pädagog an huet net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och am Ausland d’Chouerwelt an d’Dirigentewelt beaflosst. An engem 100,7-Interview huet hien erzielt, wéi hie säi Wee zu der Musek fonnt huet:
„Et war ganz komplizéiert, aus der ganz einfacher Ursaach, well et ni virgesi war, dass ech soll Musek maachen. Als jonke Borscht war ech zu Diddeleng an der Primaireschoul, ech si bis an d‘néngt Schouljoer gaang. An dono sinn ech schaffe gaangen. Et ass jo e Witz, ech hunn zu Dijon op der Universitéit enseignéiert, mä ech hunn ni e Lycée vu banne gesinn, dat wier jo haut net méi méiglech. Jo, dunn hunn ech an der Wäschmaschinnefabrik beim Zuang geschafft an ech géif soen, Gottseidank sinn ech krank ginn. Ech hat eng [...] Tuberkulos. Ech war jorelaang an der Schwäiz am Sanatorium. An t’ass am Fong komesch, dass ech muss soen, wann ech net krank gi wär, hätt ech warscheinlech ni Musik gemaach.“
An deem Sanatorium huet hie Leit kenne geléiert, wéi de Michel Corboz, e Schwäizer Dirigent a Musekspädagog, déi hie staark beaflosst hunn.
Zeréck op Lëtzebuerg
Mat 21 Joer ass de Pierre Cao erëm zeréck op Lëtzebuerg komm, huet d’Diddelenger Aarbechterchorale iwwerholl an ass mat 23 Joer Direkter vun der Diddelenger Musekschoul ginn. Spéider huet hien d‘Chorale municipale Uelzecht iwwerholl an huet am Conservatoire zu Bréissel theoretesch Fächer an Orchesterdirektioun studéiert.
Eng éischte Kéier huet de Pierre Cao mat engem Concertsprogramm mat der Uelzecht Choral op sech opmierksam gemaach. Hei huet hien, wéi hien et selwer genannt huet, kee „Blo-Blimmche-Programm“ opgesat, mä e Repertoire aus fënnef Joerhonnerten.
1968 huet de Pierre Cao zu Kopenhagen den zweete Präis beim internationalen Nicolai Malko Concours fir Dirigente gewonnen. Doropshi war hie siwe Joer laang zweeten Dirigent vum deemolegen RTL-Orchester.
1985 iwwerhëlt de Pierre Cao d’musekalesch Leedung vun "Les Musiciens" mat engem klore Konzept: Säin Zil war et, Wierker opzeféieren, déi nach ni zu Lëtzebuerg opgefouert gi sinn.
Jonken eng Chance ginn
A mam Zyklus Jeunes solistes luxembourgeois huet de Pierre Cao jonke Lëtzebuerger Komponistinnen a Komponisten an Interpret:innen d’Méiglechkeet ginn, opzetrieden.
Et huet de Pierre Cao ëmmer rëm an d’Ausland gezunn. Sou huet hien de Kammerorchester Ad Artem zu Metz, d’Chorallen La Psalette de Lorraine, de Choeur de chambre de Namur dirigéiert an e war aktiv bei A Coeur Joie.
1991 huet hien den haitegen Ensemble Vocal du Luxembourg gegrënnt. Des weideren huet hien den INECC matgegrënnt, wat en europäeschen Zentrum fir Chouermusek sollt ginn.
Och an der Pensioun engagéiert
Niewent dem Dirigéieren, louch him d’Pädagogik ganz staark um Häerz. Zu Lëtzebuerg war hien Enseignant am Escher an duerno am Stater Conservatoire. Gläichzäiteg huet hien och zu Namur, Dijon, Paräis a Barcelona säi Wëssen a Kënne weider ginn.
No senger Pensionéierung am Stater Conservatoire huet 1999 mat der Grënnung vun Arsys Bourgogne an de Rencontres Musicales an der Basilika vu Vézelay eng nei Etapp ugefaangen:
„An ech hat am Fong do, plein pouvoir an och d‘Suen. ‘t ass jo dat, wat sou onwarscheinlech ass, wat jo haut net méi denkbar war. An d’Chance: de Präsident vun der Regioun, dat war de Jean-Pierre Soisson. An dee konnt mech ganz gutt gebrauchen. An deen huet dann och do d’Moyene ginn. Ech ka mech ganz gutt erënneren, wou ech fir d’éischte Kéier bei e gaange sinn, do hu mer geschwat iwwer de Projet, [...] an ech hu Vézelay kannt, d’Basilika."
An ech hunn zum Soisson gesot, ech gif gär eppes zu Vezelay maachen. En huet mech bekuckt an huet gesot: jo, mais quoi? An ech hat di genial Äntwert fir ze soen: Je sais pas. Ech weess net. D’accord, sot en.
An sou ass, an dat war 1999, an 2000 sinn d’Rencontres Musicales de Vézelay ugaangen. Hein, do waren och d’Moyenen do. An dat war schonn eng formidabel Chance fir mech.“
E bescheidene Mënsch
Arsys bourgogne ass e professionelle Vokalensembel, vu 4 bis 32 Sängerinnen a Sänger. Och bei de Rencontres Musicales zu Vézelay huet de Pierre Cao dat Kënschtlerescht mam Pädagogesche verbonnen. Hien huet jonk Dirigentinnen an Dirigenten, Komponistinnen a Komponisten agelueden, mat dësem Ensembel ze schaffen.
2022 huet hien den éischten nationale Musekspräis fir säi Liewenswierk kritt. Op Nationalfeierdag 2024 ass hien op en Neits fir säi Liewenswierk feierlech ausgezeechent ginn. D'Lëtzebuerger Philharmoniker stoungen 9 Joer laang op Nationalfeierdag ënner senger Direktioun. An obwuel de Pierre Cao eng grouss international Karriär gefouert huet, bleift hie ville Leit als bescheidene Mënsch an Erënnerung, ënnert anerem och als Dirigent vun den traditionelle Chrëschtconcerten an der Philharmonie.