Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Pianos Trio a La Majeur, Hob.XV:35, III. Finale: Allegro - Oberlin Trio

play_arrow Live
opus

/ Zwee däitsch Schëffer wäerten duerch de Mierespassage tëscht China an Taiwan fueren

Däitsche Verteidegungsminister deklaréiert

Zwee däitsch Schëffer wäerten duerch de Mierespassage tëscht China an Taiwan fueren

Déi däitsch Marinn léisst et op en diplomatesche Konflikt mat China ukommen. Den däitsche Verteidegungsminister Boris Pistorius huet haut um Freideg ugekënnegt, datt zwee Schëffer vun der Bundesmarine duerch de Mierespassage tëscht China an Taiwan wäerte fueren.

auto_stories

1 min

Boris Pistorius | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Boris Pistorius (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

China hat schonn am Virfeld Protest ugekënnegt. De Pistorius huet weider erkläert, datt international Gewässer fräi fir all Schëffer wieren, dat wier internationaalt Recht an doru géif ee sech halen.