Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

KLASSIK AKTUELL

D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

D'Militärmusek, en éisträichesche Komponist an Editeur, an e Lëtzebuerger Komponist vervollstännege géigesäiteg hiert artistescht Wierken.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

© Morgane Weidig play_arrow

Et huet alles mat enger typescher Kooperatioun tëschent engem Komponist an engem Orchester ugefaangen. D'Militärmusek an de Jean-Claude Braun hu schonn eng Rëtsch Wierker vum éisträichesche Komponist Otto Schwarz opgeholl. Dat ass och schonn de Fall gewiescht mat verschidde Wierker vum Lëtzebuerger Komponist a Militärmuseker Georges Sadeler.

Zanter dem leschte Joer ass eng Komponent dobäi komm. Den neie Verlag 'Symphonic Dimensions Publishing' vum Otto Schwarz huet zwee Lëtzebuerger Komponisten, den Tim Kleren an de Georges Sadeler, ënner Vertrag. Dat ass och ee vun de Grënn fir déi aktuell Opnamen hei zu Lëtzebuerg. De Christophe Mirkes huet sech mam Lieutenant Jean-Claude Braun, mam Otto Schwarz a mam Georges Sadeler iwwer d'Entwécklung vun dëser Zesummenaarbecht ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow