Dës Woch war déi vun den Anniversairë bei eiser Klassik Ekipp vum opus 100,7
Ma fir dëst ofzerënnen, fält eis Emissioun Resonanzen vun dëser Woch dann och op Mammendag.
Komponisten un déi mer zeréck erënneren, bekannte Wierker déi mer ënnert d’Lupp geholl hunn oder och manner bekannt national Personnagen, déi an der Museksgeschicht awer eng wichteg Roll hunn.
150. Doudesdag vum Georges Bizet
Een Theaterstéck wat wéineg Succès hat, ma duerch dem Georges Bizet (1838-1875) seng Musek immens gutt beim Publik ukënnt: dat ass déi kuerz Zesummefaassung vun der bekannter Orchestersuite Arlésienne.
Am Géigesaz huet d'Kompositioun an d'Oper Carmen bei hirer Uropféierung esou guer net iwwerzeege kënnen. An ass dach haut eng vun de meeschtgespillten Operen iwwerhaapt.
"Ech hunn eng Oper geschriwwen, déi kee verstoe wäert. Mee enges Daags wäert een se opféieren... an da wäert ee mech verstoen."
Georges Bizet iwwer "Carmen", sënngeméiss iwwersat
Jo, de Georges Bizet huet ee ganz interessanten CV virzeweisen. Ee Grond fir am Kader vu sengem 150. Doudesdag, dëst besonnescht Liewe Revue passéieren ze loossen. Am Gespréich, de Jean Thill a Lex Kauffmann vum opus 100,7.
100. Doudesdag vun der Josephine Schmoll
D'Josephine Schmoll gëllt als déi alleréischte Lëtzebuerger Komponistin. De 6. Juni 1925 stierft si aarm wéi eng Kierchemaus a geréit a Vergiessenheet...
De 6. Juni 1925 stierft d'Komponistin a Pianistin Josephine Schmoll, aarm wéi eng Kierchemaus an der Fondation Pescatore. Well si keng Ierwen hat a keen, deen sech ëm hire Nolass gekëmmert huet, geréit si a Vergiessenheet. Mëttlerweil gëtt si dacks als déi “alleréischte Lëtzebuerger Komponistin” bezeechent. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster wéi d'Komponistin erëmentdeckt ginn ass, a wéi engem historesche Kontext d'Josephine Schmoll gelieft a komponéiert huet, op wéi eng Erausfuerderunge si gestouss ass an ob se wierklech déi alleréischt Lëtzebuerger Komponistin war.
Klassik Album vun der Woch - "Helikon"
D'Danae Dörken spillt op hirem neien Akbum "Helikon" Wierker vum griichesche Komponist Mikis Theodorakis, dee virun 100 Joer op d'Welt komm ass.
Vibes wéi an der Filmrei "My Big Fat Greek Wedding"
Wien d'Filmrei "My Big Fat Greek Wedding" gesinn huet, weess datt net nëmmen d'Handlung zu 100 % griichesch ass, mee och d'Musek déi an de Filmer spillt. De Mikis Theodorakis géif do zu 100 % erapassen. De griichesche Komponist, dee virun 100 gebuer gouf, huet awer net nëmme Filmmusek komponéiert, mee och nach Sinfonie, Balleten an Operen. Am Ganze ginn et ronn Dausend Wierker vun him.
D'Danae Dörken geet hire griichesche Wuerzelen no
D'Danae Dörken ass scho laang keng onbekannte méi an der Welt vun de grousse klassesche Pianisten. Mat hiren 33 Joer huet si scho vill vun sech schwätze gedoen. Ënnert anerem dank hirem Pianoduo zesumme mat hirer Schwëster Kivali an dem Museksfestival deen si zesummen a Griicheland gegrënnt hunn. D'Danae Dörken huet awer och Connexioune mat Lëtzebuerg. Zesumme mam Letzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher huet si schonn een Album mar Musek vum Amerikaner Philip Glass erausbruecht. Hire neien Album dediéiert si dem Mikis Theodorakis fir den 100. Anniversaire vu sengem Gebuertsdag. Viru véier Joer ass hien zu Athen am Alter vu 96 Joer verstuerwen.
Griichesch Nostalgie an Hoffnung
Op dësem Album spillt d'Danae Dörken deels zesumme mat der Staatskapelle Weimar an deels eleng um Piano. Et ass eng perfekt Mëschung, déi och net wéi zesumme gewürfelt kléngt. Bei all Wierk ass d'Danae Dörken zu 100 % dobäi a spillt mat enger immens grousser Passioun op de Pianostasten. Dat kënnt net nëmmen dovunner datt si selwer grouss Connexioune mat griichescher Musek huet, mee och well si egal wat si spillt einfach d'Musek spiert. Si bréngt et fäerdeg, d'Wierker vum Theodorakis richteg opliewen ze loossen. Si kréiert eng Musek voller griichescher Nostalgie an och Hoffnung.