Wärend der COVID-Pandemie hätten d’Länner sou Munches zu Stand bruet, mee verschidde Länner hätten hir Mesure fir op esou Krisen ze reagéiere schonn erëm zeréck gedréint. An anere Länner géif et guer keng Fortschrëtter ginn.
Iwwerwaachung misst verbessert ginn
Den Observatoire ass viru fënnef Joer gegrënnt ginn, ënner anerem fir op d’Ebola Epidemie a Westafrika ze reagéieren. Elo schléit e vir, datt d’Länner hir Iwwerwaachung verbessere missten, fir d’Krisepreventioun weltwäit ze verbesseren, sou datt néi Krankheeten éischter géingen entdeckt ginn.
Fuerschung dierf sech net op eenzel wéineg Länner konzentréieren
Méi aarm Länner bräichten eng finanziell Ënnerstëtzung, fir kënnen déi neidesch Ressourcë bereet ze stellen. E geplangte Fonds vu ronn 10 Milliarden Euro fir d’Pandemiepreventioun misst dréngend finanzéiert ginn, sou den Observatoire fir Gesondheets- a Krisenpreventioun.
Ausserdeem dierft d’Fuerschung an d’Entwécklung vun néie Medikamenter net nëmmen op eenzel wéineg Länner konzentréiert sinn.
Vertrauen opbauen an Zesummenaarbecht fërderen
Den Observatoire mécht och drop opmierksam, datt d’Mësstrauen ënnert de Länner an déi geopolitesch Spannungen, d’Welt dovun ofhalen zesumme Léisunge fir eng Verbesserung ze fannen.
Et gëtt gehofft, datt mat de Recommandatioune vum Observatoire en transparenten a faire System zur Pandemie-Preventioun geschaaft gëtt, an domat méi Vertraue kéint opgebaut ginn, wat d’Zesummenaarbecht kéint fërderen.