Klassik Aktuell

D'Philharmonie iwwerhëlt d’Presidence vun der ECHO

De Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie Luxembourg ass de neie President vun der European Concert Hall Organisation.

auto_stories

2 min

Stephan Gehmacher | © Eric Engel
Stephan Gehmacher (Foto: Eric Engel)

D’European Concert Hall Organisation (ECHO) huet e neie Conseil d'Administration gewielt. Un der Spëtzt vun dëser neier Féierung steet de Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie Luxembourg, deen zum President vun der Organisatioun gewielt gouf. De Gehmacher iwwerhëlt soumat de Poste vum Louwrens Langevoort no aacht Joer Amtszäit.

Als neie President wäert de Stephan Gehmacher un der strategescher Ausriichtung vun der ECHO fir déi nächst Jore matschaffen. De Fokus läit dobäi op gemeinsam kënschtleresch Projeten a Kommissiounen, de Wëssensaustausch tëschent de Kulturhaiser an op d'Verstäerkung vun de Lienen tëschent dem Public an de Communautéiten.

De Stephan Gehmacher erkläert, d’ECHO wéilt déi kënschtleresch Zesummenaarbecht verdéiwe wëllt an déi nächst Generatioun u jonken Talenter mat enger Bün an engem staarken Netzwierk ënnerstëtzen. D’Organisatioun géing sech dofir asetzen, der Musek eng méi staark, kollektiv Stëmm an Europa ze ginn.

Zum neien CA gehéiert och d'Abigail Pogson (Barbican Centre, London) als Vizepresidentin. D’Pogson lueft dem Gehmacher seng Nominatioun a betount, datt Zesummenhalt a Wëssensaustausch an dësen usprochsvollen Zäite méi wichteg si wéi jee.

D’Philharmonie Luxembourg gehéiert zu de 23 grousse Concertssäll aus 14Länner, déi an der ECHO vereent sinn. D’Organisatioun feiert d’Musek als eng mächteg Kraaft fir Verbindung an Inspiratioun.