Aktivistin

D’Nora Fellens-Huberty kéint haut oder muer aus Israel ausgeflu ginn

Prezis Informatiounen dozou gëtt et de Moment awer nach net. Dat sot de Patrick Bosch vu “March to Gaza Lëtzebuerg” de Moie virum Ausseministère, wou dee Moment nach zwou Persoune campéiert hunn, fir op d’Schicksal vun der jonker Fra opmierksam ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif play_arrow
D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif

Et hätt een e gudden Austausch mam Ausseministère, sou de Patrick Bosch de Moien.

"Ich glaube auch, das Aussenministerium macht alles, was möglich ist, um Nora zu helfen, über die konsularischen Behörden von Belgien."

Bis elo wieren 130 vun den am Ganze 490 Persounen, déi zanter e Mëttwoch vun Israel festgehale goufen, fräigelooss ginn. D’pro-palästinensesch ”Global Sumud Flotilla” wollt jo Hëllefsgidder an d’Gazasträif bréngen. Et gëtt sech erwaart, dass haut oder muer eppes mat deenen anere Festgehalene geschitt, mee et wéisst een eréischt Bescheed, wann d’Leit am Fliger séizen oder scho gelannt wieren.

"Wir hoffen, dass sich heute was tun wird, aber wir haben wirklich keine Bestätigung."

Sollt haut eppes passéieren, dann de Mëtteg, a wann net haut, da muer, sot de Vertrieder vu “March to Gaza Lëtzebuerg”. Et wéilt een, dass déi Festgesaten ouni Gewalt behandelt ginn a sou séier wéi méiglech zréckkommen. An dass den Ausseministère weider handelt, fir dass de Krich dohannen ophält an d’Leit an der Regioun a Fridde liewe kënnen; dat wär d’finaalt Zil.

Patrick Bosch: Sech am Respekt austauschen

Ass de Patrick Bosch dann domat averstanen, datt den Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg an dësem Kontext an engem Restaurant an der Stad verbal ugaange gouf?

"Ich habe auch mit dem Herrn Bettel darüber gesprochen. Das waren Leute, die sind von hier, in der Tat, zu dem Restaurant gegangen. Ich glaube, die Art und Weise, unterschiedliche Meinungen auszudrücken, kann ich nicht unterstützen. Man sollte das in einer anderen Art und Weise maachen."

Den Austausch mam Ministère wie konstruktiv, dee géif versichen, fir d’Nora Fellens-Huberty ze maachen, wat e kann, och wann e politesch méi maache kéint, fënnt de Member vu “March to Gaza Lëtzebuerg”. Et sollt ee sech am Respekt austauschen, an dat dote wier sou net ubruecht gewiescht.

Lauschterenplay_arrow