Fussball

Kapitänin Laura Miller: Op Messagë vum Ex-Trainer hätt ee kéinten éischter reagéieren

D’Fussball-Nationalekipp vun den Damme spillt iwwermuer hire virleschte Match an der B-Liga vun der Nations League zu Louvain an der Belsch. En Dënschdeg ass déi lescht Partie, géint deselwechte Géigner, op der Escher Grenz.

auto_stories

1 min

Laura Miller | © picture alliance / HMB Media | Hendrik Hamelau
Laura Miller (Foto: picture alliance / HMB Media | Hendrik Hamelau)

Knapp dräi Méint no der Entloossung vum viregten Nationaltrainer Dan Santos wéinst “inappropriéierte Messagen” u Spillerinne war de Moien zu Péiteng e Point-presse mat ënner anerem Spillerinnen.

D’Carine Nardecchia, Chefin vum Dammen-Fussball bei der FLF, goung haut an engem “Wort”-Interview op d’Kritik an, datt dat zum Deel méi al Messagë waren. Si sot dozou, et wier wichteg, datt d’Spillerinne wéissten, datt si sech u Responsaabler adresséiere kéinten.

D’Kapitänin Laura Miller sot de Moien, d’Federatioun hätt warscheinlech éischter kënne reagéieren, well där Messagë vum Ex-Coach ebe scho méi laang am Raum stoungen an och schonn eng concernéiert Persoun op si duergaangen ass. 

"Deemools hätt ee vläicht kéinte schonn aner Mesuren huelen. Et ass schwiereg, halt iwwer sou en Thema ze schwätzen."

D'Wuel vun de Spillerinne misst un éischter Plaz stoen. 

"Dat ass elo och nach eng Kéier kloer gemaach ginn, datt et Ulafstelle gëtt, déi mer och de Meedercher elo nach eng Kéier kommunizéiert hunn."

Dat wier e ganz wichtege Punkt, esou nach d'Laura Miller.