Mark Rutte annoncéiert

D'NATO wëllt d'Ostflank verstäerkt schützen

Nodeems dës Woch russesch Dronen a Pole geschoss goufen, wëllt d‘NATO elo hir Ostflank verstäerkt schützen. Dat huet den NATO-Generalsekretär Mark Rutte op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Dës Militäroperatioun géif an de nächsten Deeg ufänken.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Eng Partie NATO-Memberlänner géife Kampfjetten an aner Ressourcen zur Verfügung stellen, dorënner Frankräich, Däitschland, Dänemark a Groussbritannien. Däitschland bedeelegt sech mat véier Eurofighter-Kampfjetten. Frankräich stellt dräi Rafale-Kampfjetten zur Verfügung.

E grousse Militärmanöver vu Russland a Belarus huet no un der NATO-Grenz ugefaangen. D‘Militärübungen daueren nach bis en Dënschdeg. Polen huet seng Grenz mat Belarus komplett zougemaach an de Fluchverkéier staark limitéiert.