Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, I. Allegro - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'Mobilitéitsministesch berouegt: Aktuell TICE-Kontrakter gi bäibehalen an transferéiert

Schafe vun engem Syndicat mixte

D'Mobilitéitsministesch berouegt: Aktuell TICE-Kontrakter gi bäibehalen an transferéiert

D‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes reagéiert op Kritik vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC iwwert d'Zukunft vum TICE.

auto_stories

1 min

Yuriko Backes (Archiv) | © MMTP
Yuriko Backes (Archiv) (Foto: MMTP)

D'Tageblatt hat de Méindeg gemellt, datt den interkommunale Persounentransport am Kanton Esch a senger aktueller Form net wäert weiderbestoen - d'Exekutiv vum Syndikat an d'Buergermeeschtere vun de Südgemengen hätten en Accord de principe fonnt fir e Syndicat mixte aus Staat a Gemengen ze grënnen, mee d'Verhandlunge géifen nach lafen, esou de Mobilitéitsministère.

A wann esou ee Syndicat mixte sollt entstoen, da géifen d'Aarbechtskontrakter vum TICE-Personal bäibehalen an transferéiert ginn. D'Suerge vun de Gewerkschafte wieren also net fondéiert. D'Yuriko Backes confirméiert allerdéngs, datt vun Enn vun dësem Joer u kee Schoultransport vum TICE méi géif assuréiert ginn. De Syndikat hätt dat entscheet. Doropshin hätt de Ministère entscheet, datt Busser vum RGTR-Reseau dat géifen iwwerhuelen, heescht et nach am Communiqué.