Déi schwedesch Akademie hat argumentéiert, si hätt eng onverkennbar poetesch Stëmm, déi opriichteg a kompromësslos wier, eng Stëmm och voll Humor a Schaarfsënnekeet. An Erënnerung bleift si ënner anerem fir de Recueil „The wild Iris“ vun 1992, fir deen si och de Pulitzer Präis gewonnen huet. An hirer 50 Joer laanger Karriär huet d‘Glück awer dosende Recueilen an Essaie publizéiert. An och ee Roman „Marigold and Rose: a fiction“ – dee koum eréischt 2022 eraus.
arrow_back_ios
opus
opus
/ D‘Louise Glück ass dout
Kultur
D‘Louise Glück ass dout
Déi amerikanesch Lyrikerin Louise Glück ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. 2020 hat d‘Glück de Literataurnobelpräis kritt, deemools eng Iwwerraschung.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP