Cattenom géif e Risiko fir déi ganz Regioun duerstellen, heescht et am Schreiwes, an deem un d'Biergerinitiativ Museldall géint Atomkraaft aus den 1970er Joren erënnert gëtt. Et begréisst een d'Initiativ vun de Gemenge géint Atomkraaft an et gëtt bedauert, datt déi 6 Gemenge Bus-Waldbriedemes, Duelem, Munneref, Réimech, Schengen a Stadbriedemes nach net Deel dovu sinn.
"E Risiko fir d'Regioun"
D'LSAP-Sektioun Dräilännereck ass géint eng Lafzäitverlängerung vu Cattenom
No de Gemenge géint Atomkraaft virgëschter huet sech gëschter um Dënschdegowend och d'LSAP-Sektioun Dräilännereck zu deem Theema zu Wuert gemellt: D'Vertrieder :inne vu 6 Ostgemenge sinn an engem Communiqué géint eng Verlängerung vun der Lafzäit vun der Atomzentral vu Cattenom.
auto_stories
1 min
Cattenom (Foto: picture alliance / dpa | Becker & Bredel)