Déi Informatiounen hunn de Premier Luc Frieden an d‘Justizministesch Elisabeth Margue haut op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Taina Bofferding a Mars di Bartholomeo geliwwert.
Eng speziell Ekipp aus dem Departement Ecofin schafft um Dossier. Bis elo wieren 93 Rapporte geschriwwe ginn, heescht et.
Keng Detailer zu de Gelder
Detailer zu de Gelder, déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland konfiszéiert goufen, kéinten net geliwwert ginn, esou d’Regierung.
Ob déi Suen eng Kéier kënne recuperéiert ginn an der Caritas, respektiv där hire Creancieren, rembourséiert ginn, wier nach net gewosst. D’Geriicht géif um Enn vun engem Prozess doriwwer befannen, gëtt erkläert.
D’Caritas war virun zwee Joer Affer gi vun engem internationale Bedruch. 61 Milliounen Euro si verschwonnen. Inculpéiert ass bis elo déi fréier Finanzdirektesch vun der ONG, sou wéi och Leit, déi hir Konte fir de Bedruch zur Verfügung gestallt hunn.