Hei kënnt dir an d'Finall vum Internationale Klarinette Concours eralauschteren!
Zesumme mam Klenge Maarnecher Festival, sicht Lëtzebuerg dëst Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett.
Mam Internationale Klarinette Concours 2025 presentéiert den artisteschen Direkter Max Mausen ee Concours, bei deem dann och ee souwuel national wéi och international unerkannte Jury säi Choix mécht.
Elo goufen dann déi 15 Talenter fir d'Halleffinall an 3 fir d'Finall erausgesicht.
Finalisten:
- Quentin Chartier (Frankräich)
- Sang-Jin Park (Südkorea)
- Nuno Baptista (Portugal)
Halleffinalistinnen:
- José Luis Inglés (Spuenien)
- Sofia Mekhonoshina (Russland)
- Charline Potdevin (Frankräich)
- Gesine Rotzoll (Däitschland)
- Lin Zicheng (China)
- Da Hong Yu (Malaysia)
- Lev Zhuravskii (Russland)
- Aksel Vürst (Estland)
- Quentin Chartier (Frankräich)
- Hongyi Jiang (China)
- Pawel Libront (Polen)
- Sang-Jin Park (Südkorea)
- Fong Shing (Hong Kong)
- Paola Barba (Spuenien)
- Nuno Baptista (Portugal)
De radio an opus 100,7 iwwerdroen d'Finall vum Concours live e Freideg, den 11. Abrëll 2025 Owes ab 7 Auer !
D'Selektioun vun den Talenter
Matmaache konnt jiddwer Klarinettist:in, deen/déi no 1990 gebuer ass. Ugemellt hunn sech 80 Klarinettist:innen aus der ganzer Welt tëscht Ufank Oktober a Mëtt November 2024 per Video. 37 vun hinne goufen da fir een éischten Tour ausgewielt.
Aus deene 37 Persounen, goufen en Dënschden a Mëttwoch (08. & 09. Abrëll) 15 Halleffinalist:innen erausgesicht, déi sech um Donneschde fir d'Finall qualifizéiere kënnen. An der Finall stinn da just nach 3 Talenter op der Bün.
Jury
De Jury vum Internationale Klarinette Concours besteet aus national, wéi och international unerkannte Klarinettistinnen a Klarinettisten.
Jury (Video-Selektioun)
- Shirley Brill (Professesch fir Klarinett un der Museksuniversitéit zu Nürnberg)
- Olivier Dartevelle (Klarinetteprof am Stater Conservatoire; fréiere Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker; fräie Mataarbechter vum radio 100,7)
- Yuan Yuan (stellv. Soloklarinettist vum China Philharmonic Orchestra; Prof. fir Klarinett um Conservatoire zu Peking)
Haapt-Jury
- Laura Ruiz Ferreres (Professesch un der HFMDK Frankfurt am Main; Soloklarinettistin vum Oxford Philharmonic; Directrice Artistique vum Delta Chamber Music Festival)
- Nicola Boud (Professesch fir historesch Klarinett un der CSMD zu Paräis an dem Royal Conservatory of The Hague)
- Sébastien Duguet (Klarinettist; Direkter vum Conservatoire du Nord zu Ettelbréck)
- Andrew Marriner (fréiere Soloklarinettist vum London Symphony Orchestra; Prof. un der Guildhall School of Music and Drama an un der Royal Academy of Music zu Lindon)
- Hermann Stefansson (fréiere Prof. um Royal College of Music zu Stockholm an éischte Klarinettist vum Royal Stockholm Philharmonic Orchestra)
Weider Informatiounen zum Concours fannt dir hei.