Radioen

On air

Notturno  |  Frédéric Chopin - Concerto fir Piano a Mi Mineur, Op. 11 - Krzysztof Ksiazek (Piano), Santander Orchestra, José Maria Florêncio (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D‘EU wëllt méi Leit op de Vëlo bréngen

EUROPÄESCH VËLOSDEKLARATIOUN

D‘EU wëllt méi Leit op de Vëlo bréngen

Déi 3 EU-Institutiounen hunn eng europäesch Deklaratioun ënnerschriwwen, déi de Vëlo als ëmweltfrëndlecht, gesond an ekonomesch wichtegt Transportmëttel weider no vir brénge soll. De Pabeier ass net verbindlech, Vëlosinitiative setzen awer grouss Hoffnungen drop.

auto_stories

5 min

From left to right: Karima DELLI (Chair of the Committee on Transport and Tourism, European Parliament), Georges GILKINET (Deputy Prime Minister and Minister for Mobility, Belgium), Adina-Ioana VĂLEAN (European Commissioner for Transport) | © European Union
Foto: European Union

Där Europäescher Vëlosdeklaratioune gouf et der schonn e puer.

D’Iddi fir de Vëlo eng europäesch Strategie an d’Weeër ze leede gouf et schonn 2015. Si geet op de fréiere Lëtzebuerger Transportminister François Bausch zeréck. 2022 hunn d’Benelux-Länner eng éischt gemeinsam Erklärung lancéiert. Och d’Europäesch Kommissioun an d’Parlament hunn an de Joren duerno Texter ausgeschafft an de Mëttwoch gouf schliisslech vun den dräi Institutiounen eng europäesch Deklaratioun am Egmont Palais zu Bréissel ënnerschriwwen.

Europäesch Vëlosdeklaratioun ouni direkt Konsequenz fir Lëtzebuerg

Doranner gëtt de positiven Effekt vum Vëlo op déi eege Mobilitéit, d’Ëmwelt, d’Loftqualitéit an d’Gesondheet ënnerstrach - an och op de positiven ekonomesche Volet higewisen. Méi Vëlo heescht manner Stau a méi Vëlo kann am Endeffekt och heeschen: méi Aarbechtsplazen. Den Zuele vun der Europäescher Kommissioun no sinn an der EU den Ament méi wéi eng Millioun Leit an der Vëlosindustrie beschäftegt.

Déi Deklaratioun wier wichteg, och well d’EU-Länner, wat d’Vëlosinfrastrukturen uginn, net op engem Niveau sinn, seet d’Transportministerin Yuriko Backes. Wéi eng Konsequenzen huet dee Pabeier fir Lëtzebuerg?

"Ech mengen net ganz vill. Mir hunn eis Vëlosinfrastrukture schonn iwwer déi lescht Joren entwéckelt, an ech sinn och wierklech ganz motivéiert als Mobilitéitsministesch, elo säit véier Méint, fir dat och weider ze entwéckelen.“

Ënner anerem wëllt d’DP-Politikerin mat de Gemenge schwätzen, fir ze kucken, firwat een op verschiddene Plazen net virukënnt.

Wat d’Gemeng Lëtzebuerg ugeet, misst déi “fir sech schwätzen an hir Vëlospisten entwéckelen”, esou d’Yuriko Backes.

"Ech mengen, dat maache si och. Ech muss dat méi breet gesinn a kucken, datt an deenen Infrastrukturprojeten de Vëlo vun Ufank u mat geduecht gëtt. An ech mengen, do si mir um richtege Wee.”

Europäesch Vëlosfederatioun begréisst d’Deklaratioun

Déi europäesch Vëlosdeklaratioun gëtt och vun der Europäescher Federatioun vun de Cycliste begréisst. Et wier ëmmerhin deen éischte Pabeier zum Vëlo op EU-Niveau, seet hire Spriecher Holger Haubold.

"Wir haben viele Jahre gehört, dass die EU nicht zuständig ist, von daher ist es jetzt ein großer Schritt, dass es auf EU-Ebene eine Erklärung gibt.“

An der Deklaratioun géife konkret Mesuren opgezielt, wéi den Ausbau vun den Infrastrukturen, deen immens wichteg ass, esou den Hubert Haubold.

Op deen Ausbau kënnt et effektiv staark un, wéi eng Etude vun der Federatioun weist, an där d’Zuele vun der Kommissioun aus 83 verschiddene Stied mat den eegene Chifferen, déi sech op Open Street Map baséieren, verglach goufen. Fazit: Do wou vill Vëlosinfrastruktur ass, gëtt och vill Vëlo gefuer.

Stied wéi Amsterdam oder Kopenhagen, déi schonn an de 70er Joren op de Vëlo gebaut hunn, si weiderhi Virreider mat ronderëm 40 Prozent vun de Leit, déi all Dag op de Vëlo klammen.

Méi Infrastrukture brénge méi Leit op de Vëlo

Lëtzebuerg schneit mat eppes iwwer zéng Prozent net schlecht of. Och am Grand-Duché sinn zanter der Pandemie vill Leit op de Vëlo ëmgeklommen. Weider op den Ausbau vun der Infrastruktur ze setzen ass wichteg, seet och d’Presidentin vu ProVelo zu Lëtzebuerg, d’Monique Goldschmidt.

"Dir kënnt jiddwerengem e Vëlo schenken, soen ech elo, wann Der net kënnt dermat sécher op Är Aarbecht oder an d'Schoul fueren, dann notzt dat Iech näischt, e Vëlo ze hunn, fir gutt domat ze fueren. Dat Eent geet mat deem Aneren. Mir wäerte sécher ëmmer ënnerstëtzen, datt all Subsid fir d'Mobilité douce, egal a wéi enger Form, wichteg ass.“

D’Ambitioun, méi Vëlosweeër ze bauen, wier do, seet dozou d’Yuriko Backes. Méi konkret Ziler géifen ausgeschafft ginn, si wier amgaangen “sech do dran ze knéien”.

EU-Sue fir d’Vëlosindustrie ze ënnerstëtzen

Och wann déi Deklaratioun net contraignant ass, kéint se awer wichteg Jalone setze fir d’Politik an den nächste Joren, seet och d’Tilly Metz Europadeputéiert a Member vun der Transportkommissioun am Parlament.

"Obwuel dës Deklaratioun net obligatoresch ass, kann et e ganz wichtege Kompass si fir d'Zukunft fir wierklech och méi Gesetzgebung auszebauen am nächste Mandat, an der nächster Legislaturperiod, vum nächsten Europaparlament, fir wierklech d'Vëlofuere méi ze ënnerstëtzen, finanziell, mee och a punkto Sécherheet.“

D’EU kéint hirersäits generell Recommandatioune fir den Ausbau vu sécheren Infrastrukturen erausginn. An d’EU kéint spezifesch Projete matfinanzéieren, esou d’Tilly Metz. Dat fuerdert och d’Europäesch Vëlosfederatioun.

“Dass man bei zukünftigen EU-Töpfen die Fahrradindustrie mit berücksichtigt, was bisher ein bisschen links liegen gelassen wurde. Bislang sind die ganzen Milliarden eher an die Autosindustrie gegangen.”

D’EU muss besser a méi harmoniséiert Donnéeën iwwer d’Vëlosfuere sammelen, och dat ass eng Konsequenz aus der Analys vun der Europäescher Cyclistefederatioun.

An och dat gouf an der europäescher Deklaratioun esou schrëftlech festgehalen. Elo ass et un all deenen, déi ënnerschriwwen hunn, dat och an d’Praxis ëmzesetzen. D’Aarbecht fänkt eréischt un, esou den Holger Haubold.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
International
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft