Um Programm steet och een Echange mam israeeleschen Ausseminister Israel Katz, an dem Riad Malki, Ausseminister vun der palestinensescher Autonomie-Autoritéit.
D’EU wéilt sech an deene Gespréicher verstäerkt fir eng Zwee-Staate-Léisung an Israel asetzen, sot den EU-Chef-Diplomat Josep Borrell de Moie virun der Reunioun. Hie géing vun elo un net méi vun engem Friddens-, mee vun engem Zwee-Staate-Prozess schwätzen.
Fir de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet den Ament ee Waffestëllstand Prioritéit. Laangfristeg kéim een awer net laanscht eng Zwee-Staate-Léisung, sou den Xavier Bettel.