Fräizäit

D'Aktioun Bambësch ass voll amgaangen

Pünktlech fir den Ufank vun der grousser Vakanz geet an der Millebaach d’Aktioun Bambësch erëm op. Zënter 52 Joer kréien do Stater Primärschoulkanner wärend véier Wochen am Ufank vun der Summervakanz eng Rëtsch un Aktivitéiten - dobannen an dobaussen - ugebueden.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Ilana Joseph play_arrow
(Foto: Ilana Joseph)

Et ass 14 Auer an der Strooss vum Centre d'Animation Pédagogique et de Loisirs (CAPEL) vun der Stad Lëtzebuerg. Zéng Busser komme mat de Kanner, aus de Foyer-scolairen an doheem, an der Millebaach un. Iwwer dausend Kanner sprangen hei vu méindes bis freides iwwer déi véier Wochen Aktioun Bambësch aus de Busser eraus a maache sech op de Wee an d'Rue de l'Ecole. D'Virfreed op deem sonnegen Nomëtteg ass grouss.

"Ech komme säit ech an der Spillschoul sinn an ech sinn elo am véierte Schouljoer. Ech hunn et nach ëmmer mega gär heihin ze kommen."

90 jonk Animateure si bedeelegt

Eng 300 grouss Kanner - also déi vum Cycle 2.2 un - sëtze gespaant um oppenen Amphi vun der CAPEL. Si si schonn agedeelt an hir verschidde Plaze fir ze spillen. Dorënner sinn d'Kannerduerf, d'Villa Argila an d'Bëschplaz. Ee ganzt Joer laang gëtt dës Betreiung virbereet. Op der Plaz schaffen eng 10 Educateuren an Educatricen aus de Foyer-scolairen, 23 Mataarbechter:innen aus dem CAPEL, an 90 jonk Animateuren, gréisstendeels Leit déi studéieren. 

Iwwer de ganze Site verdeelt hänke verschidde Faarwen an Zuele fir ze markéieren, wéi ee Kand a wéi eng Spillgrupp gehéiert. An et geet lass: Nom Zesummekommen am Amphi an enger klenger Begréissung geet et elo an d'Aktivitéiten, fir déi sech d'Kanner gemellt hunn.

D'Kannerbetreiung huet evoluéiert

Am Kannerduerf gëtt probéiert e richtegt Duerf ze imitéieren. Direkt an der Strooss vum CAPEL sti selwer gebaute kleng Hütten aus Holzbrieder, déi faarweg ugestrach sinn a beschrëft sinn. Beim Buttek stinn e Grappvoll Kanner mat Hummer an Zaange prett. Si schaffen um Duerfbuttek, zesumme mat engem Animateur.

De Roll Gilbertz schafft schonn zënter 33 Joer beim CAPEL an ass responsabel fir d'Kannerduerf. Fir hien huet sech an där Zäit d'Betreiung vun de Kanner geännert.

"Ech denken, datt Kanner haut net méi sollen animéiert ginn, mee mir probéieren e Kader ze setzen, wou si hir Plaz fannen. An dann och kënne fräi spillen oder op d'mannst participéieren, also hir Iddi mat erabréngen. Et ass net méi déi frontal Animatioun, déi mir vläicht nach virun 30 Joer gemaach hunn."

E Service, deen néideg ass

D'Ruth Blumann, Responsabel vum CAPEL, seet am 100,7-Interview, datt ee mierke géing, datt esou ee Service awer och néideg ass. Fir datt Kanner vun Elteren, déi dee ganzen Dag schaffen, och mol eraus aus de Foyer-scolairë kommen a sech austobe kënnen an engem Raum, deen dofir gëeegent ass.

"Wir können dann auch beobachten, wie die Kinder älter werden und vor allen Dingen kennen die Kinder dann die Aktioun Bambësch. Die haben dann Geschichten und erzählen zum Beispiel: 'Letztes Jahr war ich im Kannderduerf und nächstes Jahr will ich ins Kuddelmuddel!' und: 'Als ich klein war, da ist das und das passiert!' Es gibt sogar Kinder, die erzählen: 'Meine Mama oder mein Papa, die waren auch schon hier.'"

Bësse méi wäit hannen am Bësch spillen d'Kanner mat engem groussen, faarwegen, ronnen Duch. Séier schwéngen d'Kanner d'Duch no uewen a mussen d'Plaze wiesselen. Wien net flénk genuch ass, gëtt gefaangen a muss ënner dem Duch sëtze bleiwen. 

Eng Preparatioun op de spéidere Beruff

Fir déi meescht Animateuren, déi de Brevet B an der Täsch hunn, ass d'Aktioun Bambësch eng Virbereedung op hire professionellen a perséinleche Wee.

"Ech fannen, dat hëlleft mir vill, well ech léiere wéi d’Kanner am Alldag sinn, mat anere Studenten ze schaffen, mech ze organiséieren an och Verantwortung iwwerhuelen."

Géint 17 Auer maachen d'Kanner sech vun den Aktivitéiten erëm op de Wee zeréck an d'Rue de l'école an der Millebaach. Et gëtt Zäit fir déi deeglech Routine. Als Ofschloss vum Dag gëtt d'Lidd vun der Aktioun Bambësch zesumme gesongen. Duerno féieren d'Animateuren e klengt Theaterstéck op, éier et da fir d'Kanner, kuerz virun 18 Auer, mat der Bambësch Airlines - also den 10 Stater Busser - erëm zeréck an d'Foyer-scolairen oder heem geet. 

Lauschterenplay_arrow