D’Danae Dörken ass eng jonk däitsch-griichesch Pianistin déi an de leschte Joere scho vill Albumen opgeholl huet – ënnert anerem viru Kuerzem ee mat hirer Schwëster Kivali Dörken, déi och Piano spillt. An elo huet d’Danae Dörken zesumme mat engem gudde Museker-Kolleeg een Album erausbruecht. Et ass de 34-Joer-jonke franséisch-briteschen Hautboisit Philippe Tondre. A fir hien ass dësen Album de wichtegste musikalesche Projet a sengem Liewen.