Däitschland

Auto fiert a Mënschemass um CSD zu Berlin - op mannst 16 schwéier Blesséierter

Nodeems um Bord vum Christopher Street Day zu Berlin en Auto an d’Leit gerannt ass, ass eng Fra un hire Blessure gestuerwen. Zum Virfall koum et am Tiergarten, net wäit vum Potsdamer Platz ewech. Den 21 Joer alen Tatverdächtegte gëllt als radikaliséiert a Gewaltbereet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

CSD Berlin Auto fiert a Mënschen | © EPA/CLEMENS BILAN play_arrow
CSD Berlin Auto fiert a Mënschen (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

 D’Police huet en 21 Joer ale presuméierte Schëllegen an der Tëschenzäit identifizéiert. Hien soll aus der islamistescher Zen kommen. 

Tatverdächtegten als radikaliséiert a Gewaltbereet agestuuft

D’Police zu Berlin huet d’Wunneng vun deem Verdächtegen duerchsicht, mee bis elo feelt all Spuer vun deem presuméierten Täter. D’Hannergrënn sinn der däitscher Police och net bekannt, wéi hire Spriecher Florian Nath erkläert.

"Es ist ein mutmaßlicher  Tatverdächtiger. Wir haben weiterhin noch keinerlei Hinweise auf seine konkreten Motivationshintergründe oder auf den genauen Ablauf oder seinen Tatbeitrag als solchen. Nichtsdestotrotz ist ein Tatverdächtiger identifiziert worden, und dieser Tatverdächtige ist Angehöriger und soll Angehöriger des islamistischen Milieus in Berlin sein."

Den Informatioune vu verschiddenen Däitsche Medien, wéi der süddeutsche Zeitung (SZ) a dem  WDR no, géif de Verdächtegen Abdul B. zur islamistescher Zen gehéieren. Hien war vun der Police als geféierlech agestuuft ginn. D’Sécherheetsautoritéite bezeechnen  hien als radikaliséiert a Gewaltbereet. 

Bis Mee an Untersuchungshaft

Enn d’lescht Joer gouf hie bei senger Réckrees aus dem Libanon um Berliner Flughafe festgeholl. Den Enquêteuren no soll hie bis Mee dëst Joer an Untersuchungshaft gewiescht sinn, wëll hie verdächteg gi wier eng terroristesch Strofdot ze plangen. 

Den Terrorismusexpert vun der ARD Holger Schmidt, huet präziséiert datt de presuméierten Täter warscheinlech d’Camionnette selwer gelount hat.

Berlin ass a bléift eng Stad vun der Diversitéit a Meenungsfräiheet

De Berliner Buergermeeschter Kai Wegner huet vun enger Attack op eis fräi a weltoppe Gesellschaft geschwat.

"Viele feiernde Menschen, die glücklich waren, die die Vielfalt dieser Stadt feierten, die Weltoffenheit, die Freiheit, ja auch die Liebe. Und dieser Tag wurde durch diese schreckliche Tat. Ich kann nur sagen: Berlin als Stadt der Freiheit und der Vielfalt. Wir werden uns unsere Art und Weise des Lebens und des Zusammenlebens nicht nehmen lassen."

De Bundeskanzler Friedrich Merz sot et wier eng schrecklech Dot. 

"Pride is a riot"

De Christopher Street Day (CSD) oder och d'Pride, wéi d'Demonstratioun a vill europäesche Stied genannt gëtt, huet seng Urspréng an den USA. An der Christopher Street zu New York, war an den 1960er Joren eng Schwulebar, mam Numm "Stonewall Inn". Dës wat ee beléiften Treffpunkt an der Zen. Den 28. Juni 1969 huet d'Police dës Bar gestiermt wat zu - fir déi Zäit massive Protester - vu Schwule, Lesben an Transpersoune gefouert huet.

48 Editioun zu Berlin 

Den CSD zu Berlin gëllt als ee vun de gréissten an Europa an zitt all Jores Honnertdausende Léit un. Ënnert dem Motto "Haltung ist hot" ass den Ëmzuch gëschter vun der Leipziger Straße iwwer de Potsdamer Platz,  duerch den Tiergarten bis bei d'Siegessäule gaangen. Dat schreift den Deutschlandfunk. Virum Brandenburger Tor waren dunn nach Feierlechkeete mat Showprogramm.

Lauschterenplay_arrow