National

Chômagetaux: Hausse vun 9,7 Prozent par Rapport zum Juni zejoert

De Chômagetaux hei am Land ass am Laf vum Juni op 6,4 Prozent geklommen. Dat wier eng Hausse vu bal 10 Prozent par Rapport zum Virjoer. Wéi de Statec mellt, géif dës Hausse virop vun héichqualifizéierte Léit ugedriwwe ginn, déi et den Ament schwéier hunn eng Aarbecht ze fannen.

auto_stories

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch
ADEM Hamm (Foto: adem.lu/Thierry Frisch)

Beim Aarbechtsamt Adem géifen den Ament besonnesch vill Demandeuren, déi als héichqualifizéiert gëllen, eng Aarbecht sichen. Par Rapport zum Virjoer géif et hei eng Hausse vun 19 Prozent ginn, schreift de Statec. 

Wat d'Alterskategorien ugeet, wieren den Ament Leit tëschent 30 a 44 Joer am meeschte vum Chômage betraff - eng Hausse vu knapps 13 Prozent. 

Am Ganze waren dëse Juni 19.619 Léit bei der Adem ugemellt. Dovu kréien insgesamt 9.904 Persounen eng Chômageindemnitéit.