Chineeseschen Investmentgrupp wëllt BIL no bal 10 Joer nees verkafen
Dat mellt d'Financial Times. Deemno hätten déi chineesesch Besëtzer vu Legend Holdings wëlles hir 90-Prozent-Part fir 2,5 Milliarden Euro ze verkafen. Éischt Offere fir déi 90 Prozent Parte vun der BIL gi sech Enn des Mounts erwaart schreift d'Financial Times nach.
Zënter 2017 huet Legend Holdings de Gros vun de Parte vun der Banque Internationale gehalen.
Fir déi eelst lëtzebuergesch Privatbank, 1856 gegrënnt, géife sech europäesch Finanzinstituter an därer aus dem Mëttleren Osten interesséieren, mee d’Gespréicher wieren nach an engem Ufanksstadium.